Aktivitéit

D’Haaptaktivitéit vun der Photothéik vun der Gemeng Kielen besteet doran, d’Aktualitéit am Bild festzehalen. Doriwwer eraus gi mir äis Méi fir de „Passé récent“ opzeschaffen, esou wäit ewéi dat méiglech ass. Duerfir sammele mir nach ëmmer an och weiderhinn al Photoen vun den Dierfer a Leit aus eiser Gemeng.

All Photo aus eiser Kollektioun kann ee kafen, de Standard ass eng 13 x 18 Copie op Photospabeier, an dat fir 5 € (Schutzgebühr) Och méi grouss Formater kënne bestallt ginn, zum Gestehungspräis op Ufro.

Déi aktuell Zesummesetzung vum „comité de gestion“ vun der Photothéik:

Marc MAAS, President
Jos Flammang, Vic Lippert; André Noesen; Monique Scherff-Thorn; Willy Suys
Jerry André, Gestionnaire