Geschicht

Historique vun eiser Photothéik

Enn 2001 gouf driwwer nogeduecht wéi een et kënnt ugoen, fir d’Aktualitéit photographesch ze dokumentéieren an och fir de „passé récent“ esou wäit opzeschaffen,  bis een an der Geschicht géif landen. Mir wosste wuel datt d’Photographie eréischt viru Kuerzem hiren 150. Gebuertsdag gefeiert hat an datt mir vun deenen éischten 100 Joer net vill Biller ze versuerge kréichen. Net nëmmen, well der net vill gemat goufen…

Et gouf e „Groupe de Travail“ an d’Liewe geruff deen dat alles sollt op d’Schinne setzen.

Bei der Restauratioun vum ale Paschtoueschhaus hat den deemolege Schäffen- a Gemengerot gläich eng flott Plaz fir eng Photo-Videothéik reservéiert. Ënnert dem Daach war genuch Plaz, et gouf esouguer een Eck ageplangt wou eng kleng Dunkelkammer sollt hikommen. Duerfir gouf och gläich eng Leitung fir  Waarm a Kalwaasser mat agebaut, de Labor sollt eréischt no der Fäerdegstellung vum ganzen Haus an Eegeregie gemat ginn.

De Groupe de Tavail huet sech regelméisseg gesinn an huet un Texter geschafft déi enges Dags zum Reglement sollte ginn.

Ëmmer am Mëttelpunkt vun Diskussiounen a Berodung waren déi 2 Punkten: wéi versuerge mer d’Photo a wéi versuerge mer den Negativ?

Datt déi digital Photographie (déi et och du scho ginn ass, ma déi awer nach ganz déif an de Kannerschung war), äis déi Froen eemol ganz brutal géif beäntwerten, hu mer am Hannerkapp villäicht scho gefaart, mee no baussen net wëllen zouginn. Den 18.6.2003 huet de Gemengerot op Uroden vun eisem Groupe de Travail e Reglement  fir „acquisition de photos“ gestëmmt. Selbstverständlech war do niewt der Photo an dem „droit d’auteur“ den Negativ am Präis mat ausgehandelt.

Den 28. Abrëll 2009 gouf d’Virlag vum Groupe de Travail vun engem „Réglement de fonctionnement“ vun der Photothéik am Gemengerot gestëmmt. Mir haten bis dohin net vill Negative gesammelt, mee schonn en etlech „fichiers“ um PC gespäichert an et war kloer datt de Waarmwaasseruschloss ënnert dem Daach ni géif fir eng Dunkelkammer gebraucht ginn!

Den 23. 9. 2009 gouf am Conseil déi éischt Nominatioun vun 8 Leit virgeholl, déi nom Reglement den éischte „Comité pour la Gestion de la Photothèque“ gebild hunn. Den 23. September huet den Distriktskommissär säi Krop drënner gemat an de 27. 10. 2009 war d’Assemblée constituante.

Den 1.9.2011 huet de Gestionnaire vun der Photothéik säin Déngscht vu 4 Wochestonnen ugefaang.

De 7. Dezember 2015 ass den Internetsite vun der Photothéik Online gaagen!